Pacte Climat

Zënter dem 28. August 2013 ass d'Gemeng Manternach Member vum Klimapakt. De Klimapakt ass e staatleche Programm den d'Gemengen ënerstëtzt mei klimafrendlech an energieeffizient ze ginn. Am Géigenzuch kritt d'Gemeng Manternach laangfristeg technesch an finanziell Ënnerstëtzung (vun 2013-2020). D'Gemeng Manternach soll deemno fir hier Ustrengungen am Beräich vun der nohalteger Entwécklung belount ginn.

De Klimapakt ass een Qualitéitsmanagement System deen schonn erfollegräich an den Länner Däitschland, Frankräich, Eisterräich an an der Schwäiz applizéiert gëtt. 

Link: Klimapakt 

 

Video: Presentatioun Klimapakt

 

Link: European Energy Award

 

 

Aufgab an Zesummesetzung

 

Den 8. Mee 2014 huet de Gemengerot der Zesummesetzung vum Klimateam, dem Moteur vum Klimapakt, zougestëmmt.

 

D'Klimateam besteet aus engem Vertrieder aus dem Schäfferot, dem Klimaberoder, wéi och 4 Bierger aus der Gemeng Manternach. Dëst Klimateam wärt de Gemengerot éierenamtlech beroden bei Froen iwwer Energie, Ëmwelt a Klima. Dobäi behëlleflech sinn déi  79 bestoend Moossnamen aus dem European Energy Award. Des Moossnamen sinn a 6 Beräicher opgedeelt.

D’Klimateam trefft sech op mannst 6 mol am Joer an ënnerbreet dem Schäfferot Virschléi am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung fir eis Gemeng.

 

 

Link: Radioemissioun iwwert de Klimapakt mam Gilbert Theato, Direktor vun Myenergy GIE

 

 

 

Wasserspartipps Energiesparmaßnahmen
© Administration Communale de Manternach