Klimateam

 

Hu Dir Iddien oder Froen bzgl. Nohaltegkeet an Klimaschutz, da schéckt eng Mail op pacteclimat@manternach.lu

 

 
Aufgabenberäicher vum Klimateam

Beräich

Verantwortlechkeet

Numm

1

Entwicklungsplanung

Raumordnung

Maurice Bley

Motivatioun :

Duerch meng berufflech Erfahrung am private Bausecteur, wou mir all Dag mat eiser Ëmwelt, nohaltegem bauen, Energie spuere wéi och asetze vun alternativen Energië konfrontéiert sinn, ass mäin Interessi am Klima-Team mat ze machen, fir ze kucken, wéi a wat een an dëse Beräicher um kommunalen Niveau maachen a virun allem konkret ëmsetze kann.

 

2

Kommunale Gebäude

Anlagen

Pol Weydert

Motivatioun :

Nohaltegkeet & Energieeffizienz. Een Thema wou am Moment vill driwwer diskutéiert gëtt. Gudd Idee ginn et der vill awer ee Rezept dofir gëtt et (nach) net. Dofir muss fir all Gemeng ee Konzept ausgeschafft gi wat de lokale Gegebenheete Rechnung dréit. Awunner aus der Gemeng muss fir de Konzept sensibiliséiert an an Diskussioune mat agebonne ginn.

Duerch meng Erfahrung als Ingénieur setzen ech mech am Kader vum Klima Team dofir an ee Konzept auszeschaffen; an hëllefen dat och technesch die richteg Moossnamen a bestehende wei och neie Projet kennen afléissen.

 

3

Versorgung

Entsorgung

Carlo Heinz

Motivatioun :

 

Duerch mäi Beruff war ech Joere laang mat Energie- an Ëmwelt-Froen beschäftegt dofir sinn ech frou elo am Kader vun der Gemeng meng Erfahrungen notzen ze kennen am Intressi vun der Gemeinschaft.

 

4,6

Mobilität

Kommunikation

Kooperation

Géry Meyers

Motivatioun :

 

Als Member vun „180Grad-le virage climatique“ konnt ech am Joer 2009 a Grönland d’Konsequenzen vum Klimawandel fir de Mënsch an d’Ëmwelt mat mengen eegenen Aen an Oueren erliewen. Seidem versichen ech méi nohalteg a méi befost ze liewen. Dowéinst ass och méin Haaptuleies, méin Deel dozou beizetroen fir d’Bierger ze sensibiliséieren a sou e Bewosstsinn eiser Konsumgesellschaft ze entwéckelen, an dems mir eis ëmmer rem d’Fro stellen, wat eis d’Konsumverhalen fir eis Kanner an dären Zukunft bedeit.

5

Interne Organisation

Alex  Haag

Motivatioun :

 

Ganz nom Motto „Think global, act local“ kënnen a solle mir bei eis ufänken, wann et drëm geet, eise Kanner eng nohalteg Gemeng ze iwwerloossen

 

 

 

 

Externer Klimaberater

Guy Schmit

Motivatioun :

 

Mat menger Erfahrung als Energieberoder an mat der Hëllef vum European Energy Award waert ech mech fir eng nohalteg Entwécklung vun der Gemeng Manternach an den Beräicher Klimaschutz, Energie an Mobilitéit asetzen.

© Administration Communale de Manternach