Photos

Veuillez choisir une catégorie pour afficher toutes les entrées correspondantes

Catégorie

Manifestatiounen
IMG_3680.jpg 90. Gebuertsdag vun der Mme Eugénie Prommenschenkel-Schmit
14/01/2015, Berbourg

De Schäfferot war de 14. Januar 2015 d'Madame Eugénie Prommenschenkel-Schmit besichen fir hier fir den 90. Gebuertsdag alles Guddes ze wënschen. De Schäfferot huet hir nach vill schéin Joren bei gudder Gesondheet gewënscht.
IMG_3565.jpg Neijoersreceptioun 2015
09/01/2015, Berbourg

De Gemengen- a Schäfferot hat den 9. Januar d'Awunner op den traditionnellen Neijoersempfank an de Centre Beaurepaire op Berbuerg invitéiert. De Buergermeeschter huet sech gefreet iwwer déi vill Leit di der Invitatioun gefollegt waren an huet allen e gudd Neijoer an virun allem eng gudd Gesondheet gewënscht.
IMG_3416.jpg Chrëschtfeier vun der Seniorekommissioun 2014
21/12/2014, Berbourg

D'Seniorekommissioun hat den 21. Dezember op hier Chrëschtfeier an de Centre Beaurepaire invitéiert.
Bei dëser Geleeënheet goufen déi 80-jähreg Senioren geéiert an e puer gemittlech Stonnen a gudder Gesellschaft verbruecht.
Benefiziessen Chrëschte mam Sahel 02.jpg Benefiziessen vu Chrëschte mam Sahel
29/11/2014, Berbuerg

D‘Fondatioun Chrëschte mam Sahel huet am Kader vun hirem 30. Anniversaire e Benefiziessen am Centre Beaurepaire ofgehalen. De gesamte Gewënn vun dësem Owend ass geduecht fir Entwécklungsprojeten vu Chrëschte mam Sahel am Burkina Faso, méi speziell e Projet fir d’Kanner vun un AIDS Verstuerwenen an Stroossekanner, z’ënnerstëtzen. Bei dëser Geleeënheet hunn d’Fraen a Mammen vu Berbuerg och e Chèque iwwerreecht.
IMG_3089.jpg Nationalen Dag vum Bam 2014
08/11/2014, Manternach

De Gemengen- a Schäfferot haten den 8. November op d'Festivitéiten vum Nationalen Dag vum Bam invitéiert.
Dëst Joer gouf e Kiischtebam zu Manternach niewent der Gemeng geplanzt.
IMG_1010.jpg 85. Gebuertsdag vum Här Emile Schiltz
22/10/2014, Berbourg

Den 22. Oktober huet de Schäfferot dem Här Emile Schiltz vu Berbuerg fir säin 85. Gebuertsdag déi beschten Gléckwënsch iwwerbruecht an him nach vill schéi Joren bei gudder Gesondheet am Krees vun senger Famill gewënscht.
IMG_0950.jpg Soirée mat den Troaterbattien
19/10/2014, Berbourg

D'Kulturkommissioun vun der Gemeng Manternach hat den 19. Oktober 2014 op d'Soirée "Et war bommëch" vun der Compagnie Musicale Troaterbattien Lëtzebuerg invitéiert.
D'Troaterbattien hate Musek, Lidder a Spichten zum Beschte ginn, déi sech awer och op aktuell Evenementer bezunn hunn.
IMG_0860.jpg Dag vun der Commémoration Nationale 2014
12/10/2014

Um Dag vun der Commémoration Nationale, deen dëst Joer den 12. Oktober zelebréiert gouf, erënnert de Grand-Duché un all d'Affer vun der Nazi-Okkupatioun. Et goufen Gerben bei d'Monuments aux Morts vun deenen 4 Dierfer aus der Gemeng geluecht. Bei dëser Geleeënheet hunn de Buergermeeschter sou wéi Vertrierder vum Jugendrot an hieren Rieden dorop higewisen wéi wichteg d'Fräiheet an d'Gedenken un déi Zäiten sinn.
IMG_0800.jpg Abschidsfeier vum Här Jean POOS a vum Här Joseph UNGEHEUER
03/10/2014, Biwer

De Schäfferot hat den 3. Oktober 2014 op d'Abschidsfeier vum Här Jean POOS a vum Här Joseph UNGEHEUER invitéiert.
De Buergermeeschter huet den Häre POOS an UNGEHEUER fir hir Pensioun gratuléiert an hinne Merci fir hir gutt Aarbecht gesot.
IMG_0174.jpg 85. Gebuertsdag vun der Madame Yvonne Haag-Barbel
16/07/2014, Manternach

De Schäfferot war de 16. Juli 2014 d'Madame Yvonne Haag-Barbel besichen fir hier fir den 85. Gebuertsdag alles Guddes ze wënschen. De Schäfferot huet hir nach vill schéin Joren bei gudder Gesondheet gewënscht.
© Administration Communale de Manternach