Am Zesummenhang mam Courrier an dem "Bon de retrait" fir Masken, deen
haut an de Boite war, fannt Dir hei eng Informatioun zu der
Distributioun vun de Masken an der 2ter Phase vum Deconfinement
Informatioun
Verdeelung vun de Schutzmasken géint de COVID-19 an der Phase 2 vum Deconfinement
Verdeelung un d'Bierger vun de Schutzmasken
All Persoun, déi an engem Menage ugemellt ass an déi de 4. Mee 2020 16 Joer (siechzéng Joer) huet, huet d'Recht op 1 (Een) Kit vu 50 (Fofzeg) Masken.
Dofir krit all Bierger deen dofir a Fro kënnt e Courrier mat engem Bréif, deen als "Bon de Retrait" déngt fir 1 Kit pro Persoun vun deene Maske sichen ze kommen.
Virgoensweis bei der Verdeelung :
- U vulnerabel Persounen :
Persounen ab 65 Joer kréien d'Masken Heem bruecht.
Vulnérabel Persounen ënner 65 Joer sollen sech op der Gemeng am Sekretariat mellen (Tél.: 71 01 72 23 oder E-Mail secretariat@manternach.lu), si kréien d'Masken och Heem bruecht.
!Denkt drun Äre "Bon de Retrait" bereet ze halen fir dësen bei der Verdeelung vun de Masken ofzeginn!
- Un déi rechtlech Bierger:
D'Bierger vu Berbuerg a Lelleg kënnen Dënschdes de 26.05.2020 vu 14h00 - 20h00 a Mëttwochs de 27.05.2020 vun 14h00 – 20h00 an de Centre Beaurepaire (1, Schullstrooss zu Berbuerg), mat hirem "Bon de Retrait", kommen an hire jeeweilege Kit mat 50 Masken ofhuelen.
D'Bierger vu Manternach a Mënjecker kënnen Dënschdes de 26.05.2020 vu 14h00 – 20h00 a Mëttwochs de 27.05.2020 vun 14h00 – 20h00 an de Centre Fiisschen (7, Iechternacherstrooss zu Manternach), mat hirem "Bon de Retrait", kommen an hire jeeweilege Kit mat 50 Masken ofhuelen.
!De Kit vu 50 Masken gëtt ëmmer nëmmen pro Bon de Retrait verdeelt!
Mir wiere frou wann ëmmer nëmmen 1 Persoun pro Menage bei d'Verdeelungspunkte géing kommen.
Déi Leit déi keng Zäit hunn fir an dësen 2 Deeg hiere Kit sichen ze kommen, kënne sech gär bei der Gemeng um Telefon 71 01 72 23 oder per E-Mail mellen.
Merci fir Är Mataarbecht an Äert Versteesdemech.
De Schäfferot
Distribution masques-2ephase.pdf