Actualité

COVID-19 Info

Manternach, den 18. Mäerz 2020

COVID-19 Info

Léif Awunner aus der Gemeng Manternach,

de Coronavirus ass eng Gefor, an dat besonnesch fir eis eeler a vulnerabel Matbierger.

Mir hunn Alleguer d´Responsabilitéit dofir ze suergen, fir d´Verbreedung vum Coronavirus ze verhënnere respektiv ze minimiséiere souwäit et méiglech ass. Mir zielen dobäi op d´Mathëllef vun alle Matbierger. Dofir biede mir Iech, sozial Kontakter sou wäit et geet, ze vermeiden.

Nëmmen esou kann de Virus gebremst ginn an eng uerdentlech medezinesch Versuergung fir all Patiente ka weiderhi garantéiert ginn.

De Schäfferot huet an dem Kontext all ëffentlech Versammlungen ofgesot a sämtlech Säll an ëffentlech Plazen zougemaach.

Fir all eeler a vulnerabel Persounen hu mir d´Offer vum Repas sur Roues ausgeweit an och een Akaafssystem agefouert. Profitéiert vun dëse Servicer. Elo schonn e grousse Merci un all déi Leit déi sech gemellt hunn fir ze hëllefen. E grousse Merci och un d´Personal vun der Gemeng a besonnesch un d´Leit déi an de Spideeler schaffen, si leeschten eng exemplaresch Aarbecht.

Natierlech sinn d´Aschränkunge vum soziale Liewen net flott, grad elo wou d´Wieder endlech besser gëtt.

Mee se sinn absolut noutwendeg fir erëm sou séier wéi méiglech erëm an den normalen Zoustand zeréck ze kommen. Mir zielen op äert Verantwortungsgefill an op d´Solidaritéit ënnert de Leit.

Mir wäerten och an de nächsten Deeg versichen iech sou gutt et geet iwwert déi verschidde Kanäl (Facebook, Raider, Sms2citizen, Homepage) iwwer nei Entwécklungen ze informéieren.

Wann dir nach Froen hutt oder Hëllef braucht, kënnt Dir iech op der Gemeng ënnert info@manternach.lu mellen.

Fir de Schäfferot,

Jempi Hoffmann

Buergermeeschter