Aufgab an Zesummesetzung vum KlimaTeam

D'Klimateam besteet aus Vertrieder aus dem Gemengerot, dem Energieberoder, wéi och 10 Bierger aus der Gemeng Manternach. Dëst Klimateam wärt de Gemengerot éierenamtlech beroden bei Froen iwwer Energie, Ëmwelt a Klima.

D'Klimateam trëfft sech op mannst 6 mol am Joer an ënnerbreet dem Schäfferot Virschléi am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung fir eis Gemeng.

Klimateam

Hu Dir Iddien oder Froen bzgl. Nohaltegkeet a Klimaschutz, da schéckt eng Mail op pacteclimat@manternach.lu

Numm

Funktioun

Motivatioun

​Krier-Steinmetz Isabelle​Presidentin, Conseiller

​De Schutz vun eiser Ëmwelt läit mir um Häerz an ech sinn houfreg mat engem kompetenten Team dierfen flott an innovativ Projeten auszeschaffen a bei der Vermëttlung an dem Emsetzen vun dësen Projeten ze hëllefen.

​Heinz Carlo​Member​Duerch mäin Beruff war ech Joere laang mat Energie- an Ëmwelt-Froen beschäftegt dofir sinn ech frou elo am Kader vun der Gemeng meng Erfahrung notzen ze kennen am Interessen vun der Gemeinschaft.
​Hilger Danielle
​MemberAls Stack Manternacher Meedchen ass et flott e bëssi matzeschaffen eis schéi Gemeng un déi "Nei Zäiten" unzepassen.
​Irthum Gilles​Member​Ech wëll d'Kanner an déi Jonk fir dëse Sujet sensibiliséieren an des weideren mat méngem perséinlechen Engagement zur Réussite vun alle Projeten vum Klimateam bäidroen.
​Janssen Jacques​Member
​Krier Danielle​Member​Mir ass et wichteg dass d'Leit motivéiert ginn, aktiv um Klimaschutz deelzehuelen, energiebewosst ze handelen an ze weisen dass och duerch Klengegkeeten vill erreecht ka ginn, virun allem wann een zesumme schafft.
​Mehlen Robert​Conseiller​Méng Haaptmotivatioun ass, eis Gemeng an der Klimaproblematik virun ze bréngen, awer och, duerch d'Promotioun vum "regional produzéieren, regional konsuméieren" d'Leit aus der Gemeng méi no beieneen ze bréngen. De Centre d'accueil "A Wiewesch" kënnt/sollt an där Strategie eng wichteg Roll iwwerhuelen.
​Schoellen Marc​Member
​Thiel Marc​Member
​Wampach Daniel​Member​Duerch meng Ausbildung an meng berufflech Tätegkeet als Geologe leit mir den Grondwaasserschutz séit laangem um Häerz. Duerch mäin aktuellen Beruff sinn ech natierlech och staark um Thema vun den alternativen Energieressourcen interesséiert, an hoffen duerch mäin Beitrag kennen d'Bierger an der Gemeng fir dëst Thema ze sensibiliséieren.
​Weydert Paul​Member
Schmit Guy​Energieberoder​Ech sin vun Formatioun Dipl.Biolog an Dipl.Ing (BA). Zesummen mam Klimateam sichen mir no Solutiounen fir d'CO2-Emissiounen ze reduzeieren an méi lokal erneierbar Energie ze produzéieren. Der Gemeng Manternach ze hëllefen een Virbild am Klimaschutz ze gin ass meng Motivatioun.
​Wantz Marc​Service Technique​Flott Geleeënheet fir a menger Funktioun als Techniker u Projeten matzeschaffen déi mech perséinlech staark interesséieren.


Non
Non