Actualité

Réouverture de la Mairie au public

Informatioun un d'Awwuner aus der Gemeng Manternach

Heimat informéiere mir Iech, dass d'Gemeng ab dem 11. Mee erëm zu deene gewinnten Ëffnungszäiten fir de Public (Mo/Di/Do: 8h00 – 12h00 an 13h30 – 17h00; Mi: 7h00 – 12h00 an 13h30 – 17h00; Fr: 8h00 – 12h00, Nomëttes ass d'Gemeng fir de Public zou), awer nëmmen op Rendezvous, op ass.

Wichteg ass et, dass mir an enger éischter Phase nëmmen op Rendezvous Leit empfänken. Mir bieden Iech also, bei deem gewënschte Service e Rendezvous ze huelen :

Populatiounsbüro :

Véronique Thewes / Caroline Gräff : 71 01 72 21 oder 71 01 72 30

population@manternach.lu

! Wéieng Demarchen Dir per E-Mail maache kënnt !

  • Certificats de résidence (si ginn Iech schnellstméiglech per Post zougeschéckt)
  • Umeldung vun Ärem Hond/ Ären Hënn (schéckt eis weg eng Kopie vun Ärer Haftpflicht an den ausgefëllte Certificat vum Vétérinaire zou)
  • Umeldung vun Ärem Neigebuerenen a Lëtzebuerg (schéckt eis weg eng Kopie vum Acte de Naissance per E-Mail).

Secrétariat / Etat civil:

Guy Rosen / Caroline Gräff : 71 01 72 23 oder 71 01 72 30

secretariat@manternach.lu

Service Technique:

Germain Mathay / Marc Wantz : 71 01 72 24 oder 71 01 72 25

technique@manternach.lu

Recette:

Pit Hoffmann : 71 01 72 22

recette@manternach.lu

Des Weidere biede mir Iech Iech un déi sanitär Consignë vun der Regierung ze halen (Maskepflicht a wa méiglech 2 Meter Ofstand am Wartesall).

Merci fir Äert Verständnes.

De Service vum Ruffbus

Ab dem 18. Mee 2020 ass de Service vum Ruffbus och erëm disponibel. Do kënnt Dir, wéi gewinnt, ënnert folgender Nummer 28 108 37 uruffen.

"Kleng Botz"

Weiderhin informéiere mir Iech doriwwer, dass de 15. a 16.05 eng "kleng Botz" ass, fir d'Gemeng propper ze halen. Wann Dir virun d'Dier gitt, profitéiert dovu fir Dreck, deen an der Natur läit, ewech ze raumen a mat ze huelen. Dir kënnt dee gesammelten Dreck bei all Centre Culturel ofleeën. Wann Dir Material braucht, fir alles anzesammelen, kënnt Dir d''Gemeng oder den Atelier kontaktéieren fir es ze kréien. Hei fannt Dir d'Telefonsnummer vum Service Technique : +352 621 773 543

De Schäfferot

Réouverture de la Mairie au public.pdf