Mesuren wärend dem État de Crise wéinst dem Coronavirus
Update de 26.03.2020
- D’Gemengenhaus ass bis op
Weideres fir de Public zou. Dir kënnt awer zu den Ëffnungszäiten uruffen, falls
Dir e Noutfall hutt oder z.B. e Certificat de Résidence bräicht. Gäre kënnt Dir
och eng E-Mail op secretariat@Manternach.lu schécken oder fir all anert Uleies bezüglech
dem Coronavirus, schreift op info@manternach.lu. Mir schaffe fir Iech.
- Cartes d’Identités a Päss gi
just nach em CTIE, respektiv um Passbüro gemaach, an dëst nëmmen an DRINGENDE
Fäll an och nëmmen op Rendezvous.
- De Service vum Repas sur
roues funktionéiert och weiderhin. Dir kënnt Iech bei der Gemeng iwwer Telefon aschreiwen
(71 01 72 23 oder 71 01 72 30)
- Vulnerabel Persoune kënnen
sech per Telefon op der Gemeng mellen, wann si Hëllef brauchen (et si
Fräiwëlleger déi z.B.: Akafen, Hausaufgaben, asw, ubidden)
- Den Accès op d’Spillplazen,
sou wéi och op d‘Fussballsterrainen a Multisportterrainen ass de Moment net
erlaabt.
- Gemengegebaier, wéi Centres
culturels, Sportshalen, Kierchen a Kapellen si fir de Public zou.
- De CIGR huet och säin
Déngscht bis op Weideres agestallt.
- Bleift Doheem a schränkt dee
soziale Kontakt sou wäit wéi méiglech an.
- D’Schoulen an d’Structures
d’Accueil si bis Enn Abrëll zou.
- D’Cartes chèque-Service, déi
wärend dem État de crise oflafen, erneiere sech automatesch bis sech
d’Situatioun nees berouegt huet.
- De Service vum LateNightBus
gouf bis op Weideres gestoppt an dëser Zäit.
- De Vidange vun den Offäll ass
bis op Weideres garantéiert. Stellt Är Poubellen am beschte schonn den Owend
virun der Müllabfuhr op den Trëttoir.
- All ëffentlech- a privat Manifestatiounen
si bis Enn Mee ofgesot.
- E weidere
Grünschnittcontainer gouf op Berbuerg gestallt. Awer et ass nëmmen 1 Persoun
pro Offallentsuergung erlaabt.
- Wann dir nach Valorlux-Tute
braucht, kënnt dir déi vun Moies 09.00-12.00 a Mettes vun 14.00-16.00 (ausser
Freides) Auer op der Gemeng ofhuelen.
- Am Fall vun Angschtzoustänn
an der aktueller Kris kënnt dir iech un SOS Détresse ënnert der Nummer 454545
mellen.
- Mir probéieren iech och
weiderhin iwwer www.manternach.lu, Facebook,
d´Raideren an SMS2Citizen um Courant ze halen.
De Schäfferot
Resumé mesures.pdf