Actualité

Recycling Center Muertendall

Informatioun un d'Awunner vun der Gemeng Manternach

Duerch d'Entscheedungen déi vun der Regierung de 15. Abrëll getraff goufen, informéiere mir Iech heimat, dass de Recycling Center vum SIGRE (Décharge Muertendall, 16, rue de Flaxweiler zu Gréiwemaacher) ab dem 20. Abrëll 2020 erëm all 2. a 4. Samschdeg am Mount zu de gewinnten Ëffnungszäiten op ass fir d'Bierger aus der Gemeng Manternach.

Mir bieden Iech déi getraffe Moossnahmen ze respektéieren an e minimale Sécherheetsofstand vun 2 Meter anzehalen.

Vu dass dëst Joer den Europadag, de 9. Mee, op Samschdes fält, ass deen Dag de Recycling Center zou. Mir halen Iech um Lafenden, falls de Recycling Center dofir amplaz en aneren Dag géing opmaachen.

Ab Juli 2020 ass dann de Recycling Center erëm wéi gewinnt all 3. Samschdeg am Mount zu Berbuerg um Parking vum Schoulkomplex SYNECOSPORT.

De Schäfferot